Zeréck bei den Inhalt

Gedenkfeier u Jesus säin Doud

Samschdes, den 12. Abrëll 2025

Eemol am Joer kommen d’Zeie vu Jehova zesummen, fir sech u Jesus säin Doud ze erënneren. Jesus huet d’Gebot ginn: „Maacht dat hei als Erënnerung u mech.“ (Lukas 22:19, BFL).

Mir invitéieren Iech bei dësem Evenement mat dobäi ze sinn.

Oft gestallte Froen

Wéi laang dauert et?

Ongeféier eng Stonn.

Wou gëtt et ofgehalen?

Kontaktéiert en Zeie vu Jehova aus Ärer Géigend.

Wat kascht et?

Den Entrée ass fräi.

Gi Kollekte gemaach?

Nee. D’Zeie vu Jehova maache keng Kollekten.

Gëtt et en Dresscode?

Et gëtt keen Dresscode. D’Zeie vu Jehova halen sech un de Rot aus der Bibel, sech mat Bescheidenheet an Anstand ze kleeden (1. Timotheus 2:9).

Wéi leeft d’Gedenkfeier of?

D’Feier fänkt un an hält op mat engem Lidd, wéi och mat engem Gebiet, dat vun engem Zeie vu Jehova geschwat gëtt. An engem Virtrag gëtt erkläert, firwat den Doud vu Jesus esou wichteg ass a wéi mir vun deem profitéieren, wat Gott a Jesus Christus fir eis gemaach hunn.

Fir méi Detailer gewuer ze ginn, kënnt Dir Iech dësen Artikel ukucken: „Warum läuft das Abendmahl bei Jehovas Zeugen anders ab als in anderen Religionen?

Wéini fënnt d’Gedenkfeier an der Zukunft statt?

2025: Samschdes, den 12. Abrëll

2026: Donneschdes, den 2. Abrëll