Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LIDD 49

Jehova säin Häerz erfreeën

Jehova säin Häerz erfreeën

(Sprüche 27:11)

  1. 1. Gott seet mir: „Lauschter dach op mech.

    Da freet mäin Häerz sech iwwer dech.

    Dem Däiwel ech sou weise kann,

    du stees aus Léift gär fir mech an.“

  2. 2. Gott, du gëss Hëllef an nei Kraaft

    duerch däi verstänn’gen, treie Sklav.

    Mäi Bescht kann ech dir doduerch ginn.

    Sou dankbar ech dir dofir sinn.

  3. 3. Däin hell’ge Geescht brauch ech all Dag.

    Mat Mutt sinn ech dann an der Lag,

    loyal ze maachen, wat s du sees,

    sou dass du dech iwwer mech frees.