Zeréck bei den Inhalt

Wat seet d’Bibel iwwer Ouschteren?

Wat seet d’Bibel iwwer Ouschteren?

D’Äntwert aus der Bibel

 D’Feiere vun Ouschtere baséiert sech net op d’Bibel. Wann een d’Geschicht vun Ouschtere méi genee betruecht, erkennt een, wou et säin Ursprong huet. Et ass eng Traditioun, déi op Rite vun der Fruuchtbarkeet berout. Hei gi fënnef Bräich ënnert d’Lupp geholl:

  1.   Numm: „Den Ursprong vum engleschen Numm Ouschteren (Easter), ass ongewëss; Am 8. Joerhonnert huet den angelsächseschen Historiker Beda Venerabilis Ouschteren op déi angelsächsesch Fréijoersgöttin Eostra zeréckgefouert“ (Encyclopædia Britannica). Anerer féieren den Numm op déi phönizesch Fruuchtbarkeetsgöttin Astarte zeréck, déi am babyloneschen och d’Göttin Ischtar war.

  2.   Ouschterhues: „Wéi all chrëschtlech Volleksbräich ... huet d’Veréierung vum Ouschterhues en heedneschen Ursprong, wann och d’Hierkonft am eenzelne kontrovers ass, awer natierlech mat Rite vun der Fruuchtbarkeet verbonnen ass“ (Meine Neue Enzyklopädie).

  3.   Ouschtereeër: D’Sich no den Ouschtereeër, déi angeeblech vum Ouschterhues bruecht ginn, ass „net einfach e Kannerspill, mee sinn Iwwerreschter vun engem Fruuchtbarkeetsritus“ (Funk & Wagnalls Standard Dictionary of Folklore, Mythology and Legend). A muenche Kulturen gouf dem gefierften Ee „magesch Kräften“ zougeschriwwen a si hu gegleeft, et kéint „Gléck, Wuelstand, Gesondheet a Schutz bidden“ (Traditional Festivals).

  4.   Neit Gezei fir Ouschteren: „Et gouf als onhéiflech ugesinn, an dofir géif et Ongléck bréngen, déi skandinavesch Fréijoersgöttin, d’Eastra, ze begréissen, ausser et hätt een neit Gezei un“ (The Giant Book of Superstitions).

  5.   Gottesdéngschter fir de Sonnenopgang: Si ginn a Verbindung bruecht mat Rite vun ale Sonnekulten, déi „zu der Zäit vun der Tagundnachtgleiche am Fréijoer begaange gi sinn. D’Sonn ass wëllkomm geheescht ginn an hir Muecht, fir alles wat wiisst, zum Liewen ze bréngen“ (Celebrations—The Complete Book of American Holidays).

 Am Buch Gott, Götter und Idole vum Tullio Aurelio heescht et, datt „d’Chrëschtentum net nëmmen op där Plaz ‚heednesch‘ Kulten iwwerholl huet. „Chrëschtdag an Ouschteren ... sinn eng Reinterpretatioun vun heednesche Fester.“ Net ëmsoss schreift d’Encarta Enzyklopädie (2004) vun „der fréie Kierchepolitik, déi dozou tendéiert huet, heednesch Rite mat hiren eegene Fester ze vereenen“.

 D’Bibel warnt ausdrécklech, u reliéisen Traditiounen oder Bräich festzehalen, déi Gott guer net gefalen (Markus 7:6-8). Am 2. Korinther 6:17 seet Gott: „Trennt iech vun hinnen ... Paakt dat Onrengt net un“ (BFL). Ouschteren ass en heednescht Fest. Wann ee Gott gefale wëll, distanzéiert een sech vu sou engem Fest.