Zeréck bei den Inhalt

Ass Gott schold um Misär?

Ass Gott schold um Misär?

D’Äntwert aus der Bibel

 D’Bibel seet ganz kloer: Nee! Gott huet ni gewollt, datt mir leiden. Et wier och net dozou komm, wann sech déi zwee éischt Mënschen, Adam an Eva, net bewosst géint Gott seng Autoritéit entscheed hätten. Si wollte selwer decidéieren, wat gutt a béis ass.

 Si hu Gott de Réck gedréit a hu missen d’Konsequenzen droen. Well si sech falsch entscheed hunn, mussen d’Mënschen haut nach drënner leiden. Et besteet also keen Zweifel: Gott ass net schold um Misär.

 D’Bibel seet: „In Prüfungen soll keiner sagen: ‚Ich werde von Gott auf die Probe gestellt.‘ Denn man kann Gott nicht mit Schlechtem auf die Probe stellen noch stellt er selbst irgendjemanden auf die Probe“ (Jakobus 1:13). Misär ka jiddwereen treffen – esouguer Mënschen, déi a Gott senger Gonscht stinn.