Zeréck bei den Inhalt

Ech sinn onzefridde mat mengem Liewen – kann d’Bibel mir hëllefen?

Ech sinn onzefridde mat mengem Liewen – kann d’Bibel mir hëllefen?

D’Äntwert aus der Bibel

 Jo. D’Bibel, en aalt Buch mat vill Weisheeten, gëtt Äntwerten op Froen nom Sënn an Zweck vum Liewen, hëlleft engem, sech wuelzefillen a wierklech zefridden ze sinn. Si beäntwert Froe wéi:

  1.   Gëtt et e Schöpfer? D’Bibel seet, datt Gott „alles erschafen“ huet (Offenbarung 4:11, BFL). Dowéinst weess Gott genee, wat ee brauch, fir e glécklecht an ausgefëlltent Liewen ze hunn.

  2.   Ass Gott u mir interesséiert? Wéi d’Bibel weist, ass Gott net distanzéiert. Am Géigendeel, si seet, datt Gott „net wäit vun eis all ewech ass“ (Apostelgeschichte 17:27, BFL). Hien ass drun interesséiert, wat am Liewe vu Mënsche vir sech geet a wëllt hinnen hëllefen, datt si hiert Liewe genéissen (Jesaja 48:17, 18; 1. Petrus 5:7).

  3.   Hëlleft eng Frëndschaft mat Gott, méi zefridden ze sinn? Gott huet de Mënsch mam Besoin erschafen, de Sënn vum Liewen ze verstoen (Matthäus 5:3). Zu dësem Bedierfnes gehéiert och de Wonsch, hie kennen ze léieren an eng Frëndschaft mat him ze hunn. Genee dat wëllt Gott, well d’Bibel seet: „Kommt Gott näher und er wird euch näherkommen“ (Jakobus 4:8).

 Millioune Mënschen hunn erlieft, datt duerch hir Frëndschaft, déi si mat Gott opgebaut hunn, sech hiert Liewen enorm verbessert huet an si eng déif Zefriddenheet verspieren. E Liewe mat Gott heescht net, datt mir keng Problemer méi hunn. Awer seng Weisheet aus der Bibel kann hëllefen ...

 Vill Relioune beruffen sech op d’Bibel. Halen si sech awer ëmmer un hir Léieren? Nëmme mat enger Relioun, déi och wierklech dat praktizéiert, wat d’Bibel léiert, kann ee Gott gutt kenne léieren.