Zeréck bei den Inhalt

Ass d’Bibel manipuléiert oder geännert ginn?

Ass d’Bibel manipuléiert oder geännert ginn?

 Nee. Wann ee modern Bibeliwwersetzunge mat ale Bibelhandschrëfte vergläicht, da gesäit een, datt de Bibeltext am grousse Ganzen net geännert ginn ass, an dat obwuel d’Bibel iwwer vill Joerhonnerten ëmmer nees ofgeschriwwe gouf, an zwar op Materialien, déi net besonnesch haltbar waren.

Si beim Ofschreiwen also ni Feeler gemaach ginn?

 Et sinn Dausende vu Bibelhandschrëfte fonnt ginn. A verschiddene Punkten ënnerscheede si sech vuneneen, also si beim Ofschreiwe Feeler gemaach ginn. Déi meescht dovu si kleng Feeler, déi de Sënn vum Text net weider veränneren. Et ginn awer och méi grouss Feeler. Dobäi handelt et sech ëm Ännerungen, déi express viru laangem gemaach gi sinn, fir de Sënn vun der Bibel ze manipuléieren. Dozou zwee Beispiller:

  1.   A verschiddenen ale Bibeliwwersetzunge kann een am 1. Johannes 5:7 Follgendes liesen: „am Himmel: de Papp, d’Wuert an den hellege Geescht, an dës dräi sinn eent“. Zouverlässeg Bibelhandschrëfte weisen awer, datt dës Wierder net am urspréngleche Bibeltext stoungen, mee eréischt méi spéit bäigefüügt gi sinn. a Dowéinst fënnt een dës Wierder net an zouverlässegen, neien Iwwersetzungen.

  2.   De perséinlechen Numm vu Gott kënnt an ale Bibelhandschrëften Dausende Mol vir. Mee eng Rei vu Bibeliwwersetzungen hunn dësen Numm einfach mat Titelen ewéi „Här“ oder „Gott“ ersat.

Firwat kann ee sécher sinn, datt net nach vill weider Feeler entdeckt ginn?

 Et si mëttlerweil esou vill Handschrëfte fonnt ginn, datt et elo vill méi einfach ass, Feeler ze entdecken. b Wann een haut all dës Dokumenter matenee vergläicht, wat weist dat iwwer d’Genauegkeet vun der Bibel?

  •   De Geléierte William H. Green huet iwwer d’Hebräesch Schrëften, déi och als Aalt Testament bekannt sinn, geschriwwen: „Et ka mat Sécherheet gesot ginn, datt keen anert Wierk aus dem Altertum esou genau iwwerliwwert ginn ass.“

  •   De Bibelgeléierten F. F. Bruce huet mat Bezuch op déi Chrëschtlech Griichesch Schrëften, déi och als Neit Testament bekannt sinn, geschriwwen: „Et gi vill méi Beleeger fir d’Schrëfte vum Neien Testament, ewéi fir déi meescht aner Schrëfte vu klasseschen Auteuren, an et géif kengem afalen, un deenen hirer Authentizitéit ze zweiwelen.“

  •   De Sir Frederic Kenyon, eng Autoritéit fir Bibelhandschrëften, huet erkläert, datt een „déi ganz Bibel an d’Hand huelen an ouni ze fäerten oder ze zécke soe kann, hien huet hei dat echt Wuert vu Gott, dat him ouni weesentlech Verloschter vun enger Generatioun zur nächster iwwer d’Joerhonnerten iwwerliwwert ginn ass.“

Wéi eng aner Grënn schwätze fir eng genau Iwwerliwwerung vun der Bibel?

  •   Jüddesch a chrëschtlech Ofschreiwer hunn d’Berichter iwwer schwéier Feeler, déi Gott seng Dénger begaangen hunn c, bäibehalen (4. Mose 20:12; 2. Samuel 11:2-4; Galater 2:11-14). Dat selwecht gëllt fir Passagen, an deenen d’Israelitten, déi ontrei gi sinn, verurteelt goufen, an och fir Passagen, an deene falsch Léieren, déi Mënschen sech ausgeduecht hunn, entlarvt gi sinn (Hosea 4:2; Maleachi 2:8, 9; Matthäus 23:8, 9; 1. Johannes 5:21). Datt all dës Berichter ofgeschriwwe gi sinn, bestätegt, datt d’Ofschreiwer vertrauenswierdeg waren, a weist, datt si grousse Respekt viru Gott sengem Wuert haten.

  •   Wier et net logesch, datt Gott als Auteur vun der Bibel fir eng genau Iwwerliwwerung suerge géif? d (Jesaja 40:8; 1. Petrus 1:24, 25). Hie wollt schliisslech, datt net nëmmen d’Mënschen deemools, mee och d’Mënschen hautdesdaags vu sengem Wuert profitéieren (1. Korinther 10:11). D’Bibel bestätegt dat: „Alles, was vorzeiten geschrieben wurde, ist zu unserer Unterweisung geschrieben worden, damit wir durch unser Ausharren und durch den Trost aus den Schriften Hoffnung haben können“ (Römer 15:4).

  •   Jesus a seng Jünger hunn aus Ofschrëfte vun den Hebräesche Schrëften zitéiert, ouni d’Genauegkeet vun dësen Texter a Fro ze stellen (Lukas 4:16-21; Apostelgeschichte 17:1-3).

a Dës Wierder feelen a follgende Bibelhandschrëften: Codex Sinaiticus, Codex Alexandrinus, Codex Vaticanus (och Vatikanesch Handschrëft 1209 genannt), Éischtausgab vun der laténgescher Vulgata, an der syrescher Philoxeniana/Harklensis an der syrescher Peschitta.

b Et sinn zum Beispill iwwer 5 000 griichesch Handschrëfte vum sougenannten Neien Testament, de Chrëschtlech Griichesche Schrëften, fonnt ginn.

c D’Bibel seet net, datt Gott seng Vertrieder op der Äerd onfeelbar sinn. Si ass ganz realistesch: „Da ist kein Mensch, der nicht sündigt“ (1. Könige 8:46).

d Der Bibel no huet Gott de Schreiwer net all Wuert diktéiert, mee hien huet hir Gedanke guidéiert (2. Timotheus 3:16, 17; 2. Petrus 1:21).